Awunner vum chinesesche Duerf Xianfeng lackelen Aaffen an d'Duerf fir méi Touristen unzezéien. D'Iddi gouf aus engem anere chinesesche Duerf kopéiert, Emei Shan, wou déi wëll Afen eng grouss touristesch Attraktioun sinn. Am Ufank huet de Plang och an Xianfang gelengt. Méi Touristen koumen wéinst den Afen. Donieft hate si och en Investisseur fir dee selbstänneg erstallten Naturpark fonnt. D'Saachen sinn aus der Hand erausgaang wéi den Investisseur gestuerwen ass. Et goufe keng Sue méi fir d'Afen z'ënnerstëtzen an de Grupp vun den Afen huet sech weider ausgebaut, wat zu enger Plo vun Afen gefouert huet. Dëst huet och d'Touristen ewechgehalen. D'Regierung huet intervenéiert an d'Halschent vun den Afen an d'Wild zréckginn. Elo musse mer waarden bis déi aner Halschent fortgeet.
(Quell: den AD, Joeri Vlemings